An engem Magasinn vum Ministère war eng Reklamm fir d'Fleesch vun engem groussen Discounter ze gesinn.

De Landwirtschaftsministère steet wéinst enger Reklamm am Magasinn "GUDD" an der Kritik. dëse Magasinn soll lokal produzéiert landwirtschaftlech Produite promovéieren. Ma an der Editioun vum Dezember 2020 war eng Reklamm fir Fleesch vun engem groussen Discounter ze fannen. De Marc Goergen vun de Piraten an d'Chantal Gary vun deene Grénge wollten a parlamentaresche Froe wëssen, wéi dës Reklamm mam Zil vum Magasinn géif zesummegoen.

A sengen Äntwerten huet de Landwirtschaftsminister Romain Schneider wësse gedoen, dass een nawell vill Reaktiounen op dës Reklamm kritt hätt. Eng Reklamm, déi op Fleesch mat ganz nidderege Präisser opmierksam mécht, wier effektiv net mam Zil vum Magasinn vereenbar.

Bei der Fro, wéi dës Reklamm an de Magasinn komm wier, huet de Minister als éischt dorop verwisen, dass de Verlag "Maison Moderne", deen de Magasinn am Optrag vum Ministère gestalt, d'Reklammen op Basis vun de Reegele vum "Code de la Consomation" a vum "Code de déontologie pour l'éthique en publicité", eraussiche géing. Ausserdeem hätt de Ministère de Verlag wësse gedoe, dass d'Reklammen zum Thema vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft an zu den Themen iwwert déi am Magasinn bericht gëtt passe soll. Ma am Fall vun der Reklamm vum Discounter wier den Inhalt vun der Reklamm kuerz virum Drock geännert ginn. De Ministère hätt dëst bei er Validatioun vum Magasinn iwwersinn.

Schliisslech huet de Landwirtschaftsminister ugekënnegt, dass ee wéinst dëser Reklamm eng Entrevue mam Editeur vum Magasinn ugefrot hätt. Am Kader vun dëser Entrevue wéilt een déi kontraktuell Obligatioune vum Editeur präziséieren an den Oflaf vun der Produktioun vum Magasinn iwwerschaffen.