Am Ganze waren eng 40 Pompjeeën am Asaz. No 4 Stonne war d'Feier geläscht.

De Mëttwoch de Moie war et zu Stroossen zu engem gréisseren Asaz vun de Pompjeeë komm. Wéi de CGDIS an engem Communiqué matgedeelt huet, war géint 10h00 e Feier an engem Wunnhaus zu Stroossen gemellt ginn. Wéi déi éischt Ekippe vun de Pompjeeën op der Plaz ukomm sinn, hu si festgestallt, dass den Daachstull vum Haus a Flame stoung. Pompjeeë mat Otemmasken hunn d'Feier vu banne geläscht. Wärenddeem sinn aner Pompjeeë mat Leederen op den Daach geklommen an hunn d'Zille vum Daach erofgeholl fir esou un d'Quell vum Feier ze kommen an ze verhënneren, dass d'Feier op de Rescht vum Haus iwwergräife géif.
Am Ganze waren eng 40 Pompjeeën am Asaz. No 4 Stonne war d'Feier geläscht. Mënsche goufen net blesséiert.

RTL

© CGDIS

RTL

© CGDIS