Den Trump ass den éischte President géint deen eng zweet Impeachmentprozedur an d'Weeër geleet gouf.

Als éischte President an der US-Geschicht muss sech den Donald Trump enger zweeter Amtsenthiewungsprozedur stellen. D'Representantenhaus zu Washington huet dofir gestëmmt, eng nei Impeachment-Prozedur anzeleeën. Nieft all den Deputéiert vun der demokratescher Partei hunn och 10 Republikaner mat Jo gestëmmt.

Déi eigentlech Prozedur ass awer am Senat. Do ass eng Zwee-Drëttel-Majoritéit noutwenneg fir den Trump ze verurteelen. Dat gëllt de Moment als onwarscheinlech. Allerdéngs hunn sech well éischt Republikaner am Senat géint den Trump gestallt.

Hannergrond vun der Prozedur ass de Stuerm op de Kapitol an der leschter Woch. Den Trump kritt Ustëftung zu Onroue virgeheit.

Der Aschätzung vun de Republikaner no gëtt d'Urteel eréischt gesprach, nodeems de gewielte President Biden vereedegt gouf. Dat geschitt den nächste Mëttwoch.