Wéinst den héijen Infektiounszuelen geet Portugal vun e Freideg un nees fir op d'mannst 1 Mount an de strikte Lockdown.

Déi portugisesch Regierung huet wéinst den héije Coronazuelen ee landeswäiten haarde Lockdown wéi d'lescht Joer am Fréijoer decidéiert. D'Mënschen dierfe vun e Freideg un d'Haus just nach aus engem dréngende Grond wéi z.B. Akafe goen, op d'Aarbecht oder bei den Dokter goen. D'Mesure gëlle fir 1 Mount, sollen awer no 15 Deeg iwwerpréift ginn, esou de Regierungschef Antonio Costa e Mëttwoch den Owend virun der Press.

D'Schoule sollten anescht wéi beim Lockdown wärend der éischter Coronawell op bleiwen. D'Aarbecht am Homeoffice soll, wou ëmmer se méiglech ass, obligatoresch sinn, ouni dass et dofir een Accord tëscht Chef a Salarié gëtt. De Profi-Fussball gëtt net ënnersot, soll awer weiderhin ouni Public sinn. Caféen, Restauranten a Geschäfter, ausser fir Liewensmëttel, mussen zoumaachen.