D'Fra gouf beim Accident blesséiert an huet missen am Spidol behandelt ginn.

Um 18h00 de Mëttwoch Owend war an der Rue d'Audun zu Esch eng Foussgängerin vun engem Auto ugestouss ginn. De Chauffer vum Auto war an Direktioun Frankräich ënnerwee an huet d'Fra, déi deen Ament iwwert d'Strooss gaangen ass, ze spéit gesinn a konnt deementspriechend net méi ma Zäit bremsen. Hie krut d'Fra doropshi mam Auto ze paken. Dës gouf beim Accident blesséiert an huet missen am Spidol behandelt ginn.