D’Pandemie huet net nëmmen negativ Säiten: Hutt dir jee eng Kéier esou mann Stau op de Lëtzebuerger Stroossen an Autobunnen erlieft?

Duerch d’Suitte vun der Corona-Pandemie, ënnert anerem natierlech den Homeoffice, waren 2020 däitlech manner Autoen op de Lëtzebuerger Stroossen ënnerwee. Doduerch hate mir da logescherweis och vill manner Trafic am Grand-Duché.

Laut de Statistike vum TomTom Traffic Index huet sech den Niveau vun der Iwwerlaaschtung um Stroossennetz hei am Land d’lescht Joer op 25% chiffréiert. Dat sinn 11% manner ewéi 2019. Am meeschte Verkéier war am Januar, am mannsten am Abrëll. Dee schlëmmsten Dag war iwweregens de 27. Februar mat engem Taux vun 79%.

© Screenshot TomTom Traffic Index 2020

Och wärend den Haapt-Verkéierszäite war 2020 manner Trafic, moies gouf et e Minus vun 21%, owes esouguer vun 29%. An der Moyenne hu mir, pro Trip vun 30 Minutten, moies 15 an owes 13 Minutte verluer. Déi schlëmmste Rush-Hour hei zu Lëtzebuerg ass dënschdes moies tëschent 8 an 9 Auer. Wann dir op deem Dag eréischt no 9 Auer fortfuert, kéint dir bis zu 5 Stonnen d'Joer gewannen.

© Screenshot TomTom Traffic Index 2020

Och wa mir am Grand-Duché 2020 manner Trafic op eise Stroossen haten an et par Rapport zu 2019 e Minus vun 2 Deeg an 10 Stonnen ass, hu mir d’lescht Joer awer nach ëmmer 4 Deeg an 9 Stonne op eise Stroossen verluer.

Mat enger Gesamt-Iwwerlaaschtung vu 25% läit Lëtzebuerg domat am TomTom Traffic Index 2020 op der Plaz 106.

Hei fannt Dir alleguer d'Detailer fir nozeliesen!