Am Ganzen zielt Däitschland elo 43.881 Doudesaffer.

En Donneschdeg huet den däitsche Robert-Koch-Institut 1.244 Mënsche gezielt, déi bannent deene leschte 24 Stonnen un oder mam Coronavirus gestuerwe sinn. Zënter dem Ufank vun der Pandemie goufen nach ni esouvill Doudesaffer bannent engem Dag an Däitschland gezielt. Am Ganzen zielt Däitschland elo 43.881 Doudesaffer. Iwwerdeems hu sech an de leschte 24 Stonne 25.164 Persounen an eisem Nopeschland mam Covid19 infizéiert. Zënter dem Ufank vun der Pandemie hunn sech an Däitschland bal 2 Millioune Mënsche mam Virus infizéiert.