© Eldoradio
Wéinst der sanitärer Situatioun mussen d'Butteker dëst Joer wärend de Solde Sonndes zoubleiwen.
Dëst Joer wäerten et wärend de Wantersolde keng verkafsoppe Sonndeger ginn. Dat huet de Mëttelstandsministère an engem Communiqué matgedeelt. Vun dëser Mesure betraff sinn de 24. an den 31. Januar, grad ewéi de 7. an de 14. Februar. Also alleguer déi Sonndeger, déi an den Zäitraum vun de Solde falen.
Grond fir dës Decisioun ass déi aktuell sanitär Situatioun. Fir d'Gesondheet vun de Bierger ze schützen an d'Verbreedung vum Covid-19 ze verhënneren, wäerten d'Butteker dëst Joer deemno wärend de Solde Sonndes zoubleiwen. Doduerch sollen onnéideg Deplacementer ënnerbonne ginn. Dëst wier virun allem wichteg, well wärend de Solde vill Leit duerch d'Geschäfter trëppele géifen.
Schliisslech verweist de Ministère nach eng Kéier op déi nei, méi streng sanitär Reegelen, déi mëttlerweil am Commerce gëllen.
Liest hei de Communiqué vum Ministère:
|