De Chauffer vum Auto war bei senger Flucht mat engem aneren Auto kollidéiert.

E Mëttwoch den Owend um 19h30 huet d'Police zu Altwis eng Vitesskontroll duerchgefouert. Dobäi hunn d'Beamten engem Automobilist en Zeeche ginn, fir dass dëse soll stoe bleiwen. Dësen huet dat awer ignoréiert an ass mat sengem Auto geflücht. D'Beamten hunn d'Verfolgung opgeholl. De flüchtege Chauffer ass kuerz drop mat engen onbedeelegten Auto kollidéiert. Wéi d'Beamten den Auto vum Chauffer kontrolléiert hunn, hunn si 1 Kilogramm Cannabis fonnt. De Chauffer gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum en Donneschdeg virun den Untersuchungsriichter.