© SIP / Jean-Christophe Verhaegen
An hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro huet d'Gesondheetsministesch Detailer iwwert déi verschidde Variante vum Covid-19 zu Lëtzebuerg ginn.
Tëscht dem 28.Dezember an dem 3. Januar goufen 10 verschidde Variante vum Coronavirus zu Lëtzebuerg nogewisen.
Dat geet aus der Äntwert vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte vun der ADR, Jeff Engelen, ervir.
Bis ewell goufen hei am Land 3917 Echantillone vum Virus sequenzéiert. Dat entsprécht enger duerchschnëttlecher Ofdeckung vun 10 Prozent vun de positive Fäll. Nodeems de nationale Gesondheetslaboratoire zum Referenzlaboratoire fir akut Otemweesinfektiounen ernannt gouf soll d'Ofdeckung op alleguer déi hospitaliséiert Fäll ausgebaut ginn.
Aktuell sequenzéiert de nationale Gesondheetslaboratoire all Woch 384 Echantillone vum Virus. En automatiséierte System soll d'Kapazitéit fir Sequenzéierungen an Zukunft verduebelen. Bis ewell goufe 6 Fäll vun der sougenannter brittescher Variant vum Virus zu Lëtzebuerg nogewisen. Bis ewell goufe weder déi südafrikanesch, nach déi japanesch Variant vum Virus hei am Land nogewisen.