Nach ni gouf esou vill fir e Bild vun enger Comic-Figur bezuelt.

En Donneschdeg goufen op enger Online-Auktioun vum franséischen Auktiounshaus "Artcurial" 3,2 Milliounen € fir e Bild vun der Comic-Figur Tintin bezuelt. Domadder huet d'Bild e neie Weltrekord fir e Präis dee fir eng Comic-Zeechnung bezuelt gouf erziilt.

D'Bild war ursprénglech als Virlag fir d'Titelsäit vum Comicheft "Le Lotus Bleu" geduecht a gouf vum Kreateur vum Tintin, dem Hergé, gemoolt.