Des Mesure soll vun e Samschdeg un gëllen an op d'mannst 2 Wochen a Kraaft bleiwen.

A Frankräich wäert vun e Samschdeg un am ganze Land eng Ausgangsspär vun 18h00 bis 06h00 gëllen. Des Mesure soll fir op d'mannst 2 Woche gëllen. Dat huet de franséische Premier Jean Castex en Donneschdeg den Owend zu Paräis matgedeelt. Mat Ausnam vun Noutfallservicer wäerten alleguer d'Servicer an d'Geschäfter hir Dieren um 18h00 zoumaache mussen.

De Castex huet op déi däitlech méi niddreg Infektiounszuelen an de Regioune verwisen, an deenen déi méi fréi Ausgangsspär scho gëllt. Wéinst den neie Corona-Variante verschäerft Frankräich och d’Grenzkontrollen.