Wéinst enger neier Corona-Mutatioun huet Groussbritannien de Reesverkéier aus Südamerika a Portugal gestoppt.

Déi brittesch Regierung verhänkt wéinst enger a Brasilien nogewisener Corona-Mutatioun, een Areesverbuet fir Leit aus Südamerika an aus Portugal. Betraff wieren nieft Brasilien ënner anerem Argentinien, Peru, Panama a Venezuela. Aus Portugal gi wéinst den enke Verbindungen vum Land zu Brasilien och d'Areesen ënnersot.

Déi nei Reegelung soll vun e Freideg u gëllen. Ausname ginn et fir brittesch an iresch Staatsbierger a fir Leit mat engem Openthaltsrecht/Wunnsëtz a Groussbritannien.

Déi nei Virus-Variante soll Änlechkeeten zu der Mutatioun aus Südafrika hunn. Allebéid sollen sech séier ausbreeden. Experte wëllen elo ënnersichen, ob d'Immunitéit vu Mënschen, déi well eng Coronainfektioun haten, duerch déi nei Variante beanträchtegt ginn.