Et geet ënner anerem ëm Liewensmëttelverschwendung, ëm eng Vereinfachung fir d'Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien, an ëm UV-Luuchten.

Um Internetsite vun der Chamber kann een zënter e Freideg 11 nei Petitiounen mat senger Ënnerschrëft ënnerstëtzen.

Bei enger Petitioun geet et zum Beispill ëm den Asaz vun UV-Luuchten an ëffentleche Gebaier, fir sech géint Viren a Bakterien ze schützen. Eng aner Petitioun fuerdert dass Leit déi speziell an der Covidkris am Asaz waren, méi einfach déi Lëtzebuerger Nationalitéit sollte kréien.

Hei fann dir alleguerten d'Petitioune mam ganzen Detail:

  • Géint Liewensmëttelverschwendung - respectiv Eweggeheien vun (nach genéissbaren) Liewensmëttel (1738)

  • Obtention de la nationalité luxembourgeoise facilitée pour les personnes ayant travaillé en première ligne durant la crise du Covid (1740)

  • Mise en place de lampes à UV dans les espaces communs des habitations de type immeuble et bureaux dans le cadre de la lutte et prévention contre les virus et bactéries. (1743)

  • Nomination immédiate d’un Médiateur aux aides refusées aux indépendants et aux PME. (1749)

  • Fixation de délais de paiement pour les aides coûts non couverts, chômage partiel et fonds de relance (1750)

  • Fir e strikt Verbuet vu Sedéierung (Rouegstellung, fréiert Ugurten) a méi e mënschleche Gesondheetssystem fir vulnerabel Persounen an den Institutiounen zu Lëtzebuerg - Pour une interdiction stricte de sédation (immobilisation, autrefois fixation) et un système de santé plus humain pour les personnes vulnérables dans les institutions au Luxembourg - Für ein striktes Verbot von Sedierung (Ruhigstellung, früheres Angurten) und ein menschlicheres Gesundheitssystem für schutzbedürftige Personen in den Institutionen in Luxemburg (1751)

  • Interdiction d’éclairage clignotant sur les vélos / Verbot blitzender Beleuchtung an Fahrrädern (1753)

  • Upasse vum Artikel 7 betreffend d‘Schoulgesetz vum 6. Februar 2009, an de „verspillte“ Kanner déi tëschent dem 1. a 14. September gebuer sinn, d’Recht ze ginn, de 15. September offiziell mat der Schoul unzefänken. Révision de l’article 7 de la loi du 6 février 2009 relative à l’obligation scolaire en donnant également le droit aux enfants nés entre le 1er et 14 septembre et âgés de 4 ans de fréquenter l’école le 15 septembre de l’année en cours. (1754)

  • Letzebuerger Sproch MUSS erem virrangeg behandelt gin. Letzebuerger Sproch am geschriwwenen an geschwatenen als Haaptsproch unerkennen. (1755)

  • Protéger les travailleurs du secteur intérimaire malgré la crise du Covid ainsi que la préservation du droit au congé maternité. (1726)

  • Fir eis Demokratie an eis Constitutioun op fest Féiss ze stellen brauche mir eng 2/3 Majoritéit an der Chamber fir all Gesetz wat Aschränkungen vun eise constitutionnelle Rechter virgesäit, grad wéi och fir d´Ausruffe vum nationalen Noutstand. (1729)