Bis e Freideg de Mueren goufe net 62 Accidenter, dat mellt d'Police.

Am Laf vun de leschte Stonne goufe bis e Freideg de Mueren eng 62 Verkéiersaccidenter gemellt.

An de meeschte Fäll ass et bei Materialschued bliwwen. Chaufferen hate wéinst de wanterleche Konditiounen, d'Kontroll iwwert hire Won verluer a sinn accidentéiert. Gréisstendeels waren et méi kleng Kollisioune mat aneren Autoen oder se sinn an de Gruef oder a Verkéiersschëlder gerannt.

Bei 3 Accidenter goufe 5 Persoune liicht blesséiert a koume fir eng Kontroll an d'Spidol.
News