Ufanks der Woch hat d'Police en Zeienopruff gemaach, well e 17 Joer ale Jong vun Esch-Sauer als vermësst gemellt gouf. Hie gouf elo fonnt.

Wéi d'Police e Sonndeg de Moie matdeelt, konnt de 17 Joer ale Jong, deen zënter e Méinde vermësst gouf, fonnt ginn. Him géif et gutt goen, esou d'Police an hirem Communiqué.