Eng Infektioun ënnerhalb vun der Schoul soll nëmmen a 15 bis 20 Prozent vun de Fäll als probabel gëllen.

De Groussdeel vun de Schüler an Enseignanten déi bis ewell positiv op de Covid19 getest goufen, hunn sech net an der Schoul infizéiert. Zu dëser Conclusioun kënnt den Educatiounsministère an engem Rapport deen e Freideg publizéiert gouf. Deemno hunn sech 85 Prozent vun de Betraffenen am Fondamental an 78 vun de Betraffenen am Secondaire net an der Schoul mam Virus infizéiert. Eng Infektioun ënnerhalb vun der Schoul gëllt dem Ministère no nëmmen a 15 bis 20 Prozent vun de Fäll als probabel.