D’Pharmaentreprise Pfizer deelt mat, dass et an den nächsten Wochen Problemer mat de Liwwerunge vum Corona-Impfstoff wäert ginn.

An der ganzer EU soll et zu Verspéidungen bei de Liwwerunge mam Corona-Impfstoff vu Pfizer kommen.

Duerch een Ëmbau an engem Wierk an der Belsch kéint een déi geplangten Dosissen net an der virgesinner Zäit hierstellen.

No dësem Ëmbau kéint een d’Produktioun dowéinst awer massiv erhéijen, sou d’Prognose vun Pfizer.

Vum 25. Januar un soll nees alles plangméisseg oflafen, heescht et vu Pfizer.