De Messenger-Déngscht Whatsapp wëll elo awer bis Mëtt Mee mat den Modifikatiounen vun hiren Dateschutz-Konditiounen waarden.

No hefteger Kritik huet Whatsapp decidéiert, d’Ännerunge vun hiren Dateschutz-Konditiounen op ee méi spéiden Datum ze verleeën. Deemno gëllen d’Ännerungen elo eréischt vu Mëtt Mee un.

Et wéilt een dës Zäit notzen, fir falsch Informatiounen iwwert d’Ännerungen ze widderleeën, esou de Messenger-Déngscht. Whatsapp no geet et bei den Ännerunge virun allem dorëms, besser Méiglechkeete fir d'Kommunikatioun mat Entreprisen ze schafen.

Bis ewell war et sou, dass ee festgehalen hat, dass d'Notzer bis den 8. Februar den neie Konditiounen zoustëmme sollten, wann si den Chatdéngscht weidernotze wollten. Elo sollen déi nei Dateschutz-Reegelen eréischt vum 15. Mee u gëllen.

Whatsapp ass mat méi wéi zwou Milliarden Notzer de weltwäit erfollegräichsten Chatdéngscht, duerno kënnt Facebook Messenger mat 1,3 Milliarden.