E Lëtzebuergeschen Auto liwwert sech eng Course-Poursuite mat der däitscher Police.

Géint Hallefnuecht de Freiden Owend ass et zu enger Course-Poursuite tëschent der däitscher Police an engem Auto mat lëtzebuergescher Plaque komm.
Nodeems de schwaarzen VW Golf mat héijer Vitesse duerch enger Police-Kontroll gefuer ass, huet een d'Poursuite opgeholl an Verstäerkung geruff.
De Chauffer konnt gestoppt ginn an et huet sech rausgestallt, dass hien ënner dem Afloss vun Alkohol an Drogen stoung.