© Eldo
An der Nuecht op e Samschdeg huet en alkoholiséierte Mann sech net un déi sanitär Moossnamen an engem Bus gehalen.
An der Nuecht op e Samschdeg huet e Buschauffer géint Mëtternuecht an der Stad e Passagéier gemellt dee refuséiert huet eng Mask unzedoen. Hie wollt och net méi aus dem Bus erausklammen. D’Poliziste sinn doropshin op d’Plaz komm an hunn de Mann op der Bushaltestell op der Stater Gare aus dem Bus begleet. De Mann deen ënner Alkoholafloss war ass an eng Ausniichterungszell komm
An der Nuecht op e Samschdeg goufen der Police och zwee Déifställ gemellt.
Géint 2h00 hat e Verdächtegen am Val St. Croix um Belair e GPS aus engem Auto geklaut. Dëse gouf vun der Police ermëttelt an et gouf eng Plainte géint de Mann gemaach. Géint 3h00 gouf dann an der Rue Pierre Thinnes zu Bouneweg en Déifstall aus engem stationéiertem Auto gemellt. Méi spéit konnt e Verdächtege vun der Police ermëttelt a gestallt ginn. D’Persoun hat zwee DVD-Playere geklaut. Eng Plainte gouf géint hien erstallt.