D’Partei vun der Bundeskanzlerin Angela Merkel huet e Samschdeg en neie Chef gewielt: den Armin Laschet.

Fir déi éischt Kéier gouf e Bundesparteidag integral online organiséiert. An deem Kader gouf de Ministerpresident vun Nordrhein-Westfalen Armin Laschet zum neie Chef vun der CDU gewielt. De 59-Järegen huet sech géint de fréiere Uniounsfraktiounschef Friedrich Merz duerchgesat. De Laschet huet also mat 521 Stëmme géint 466 Stëmme fir de Merz gewonnen. D’Resultat muss nach vun der Bréifwal bestätegt ginn.

Mat der Victoire vum Armin Laschet setzt d’CDU op Kontinuitéit. Domat ass hien awer net automatesch Kandidat fir de neie Regierungschef no der Kanzlerin Angela Merkel ze sinn.