Trotz den héijen Infektiounszuelen an den Opfuerderunge vu verschiddene Regiounen huet Spuenien decidéiert kee weidere Lockdown anzeféieren.

Am Kontext vun der drëtter Corona-Well well déi spuenesch Regierung fir de Moment kee weidere Lockdown annoncéieren. Et wéilt een awer de sämtleche Regiounen erlaben hir Ausgangsspär méi fréi gëllen ze loossen. Dat huet de Gesondheetsminister Salvador Illa e Samschdeg op enger Pressekonferenz matgedeelt.

5 Regiounen haten dës Woch d’Regierung dozou opgeruff en haarde Lockdown anzeféiere well d’Coronazuelen no de Feierdeeg kloer eropgaange sinn. E Freideg goufen iwwer 40.000 Fäll bannent 24 Stonne registréiert. D’Ausgangsspär kéint also no vir geréckelt ginn. A verschiddene Regioune fänkt de Couvre-Feu um 18h00 un, an anere Regiounen um 20h00.