© dpa-AFP-Archiv-Monika Skolimowska
Déi hollännesch Police huet eng grouss Quantitéit un Drogen e Freideg saiséiert.
750 Kilo Kokain am Wäert vun 30 Milliounen Euro. Dat hunn Mataarbechter op engem Terrain vun enger Firma zu Roosendaal bei der belscher Grenz fonnt. D’Droge waren an eenzele Päck verstoppt, esou déi hollännesch Police. Et goufen nach keng Persoune festgeholl, d’Ermëttlunge lafen. D’Droge ginn deemno vernicht.