© Unsplash
Obwuel d’Maskeflicht schonn zënter ville Méint gëllt, protestéieren ëmmer nees Leit géint dës Restriktiounen.
Ronn 10.000 Mënschen hunn e Samschdeg zu Wien an Éisträich géint d’Corona-Restriktioune protestéiert, esou d’Police. Donieft hunn d’Demonstranten och d’Regierung dozou opgeruff zeréckzetrieden.
Aktuell ass Éisträich an engem haarde Lockdown. D’Demonstranten hunn net nëmme géint d’Regierung mee och géint d’Medie protestéiert. Si hunn deemno refuséiert Masken unzedoen an sech vuneneen ze distanzéieren. Rietsextrem Politiker waren och op dëser Manifestatioun dobäi.