Puer Deeg virun der Inauguratioun vum neien US-President Biden gouf beim US-Kapitol e schwéier arméierte Mann festgeholl. Hie wollt an d'Sécherheetszon.

E Mëttwoch soll den neien US-President Joe Biden inauguréiert ginn. Dat mellt d'Noriichtenagence AFP. Aus dem Policerapport vu Washington geet ervir, datt de Verdächtegen e Freideg mat enger Pistoul a 500 Schoss Munitioun probéiert hunn, an d'Sécherheetszon vum US-Kapitol eranzekommen. Dofir hat hien och eng gefälschten Akkreditéierung dobäi.

Fir d'Inauguratioun e Mëttwoch sinn immens streng Sécherheetsmesure virgesinn. Ënnert anerem sinn 20.000 Polizisten am Asaz. D'Mesure goufen nach eng Kéier verstäerkt, nodeems Ufank Januar Unhänger vum US-President Trump an de Kapitol gestiermt waren an do randaléiert haten.