© SCOTT OLSON / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP
E Mëttwoch gëtt de Biden als neie President inauguréiert. Direkt um éischten Dag als President wëllt hien eng Rei Entscheedunge vum Trump réckgängeg man.
E Mëttwoch ass d'Inauguratioun vum neien US-President Joe Biden. Wéi säi Spriecher matgedeelt huet, wéilt de Biden direkt um éischten Dag a sengem Amt eng Rei Dekreter ënnerschreiwen, fir Entscheedunge vun sengem Virgänger Trump réckgängeg ze maachen.
Deemno wéilt hien nees dem Paräisser Klimaofkommes bäitrieden.
Och wëllt hien e Verbuet réckgängeg maachen, deem no Leit aus verschiddene gréisstendeels muslimesche Länner net dierfen an den USA areesen.
Weider wéilt de Biden och Dekreter fir d'Lutte géint de Coronavirus a géint Rassismus op de Wee bréngen.
Duerch Dekreter erméiglecht de Biden, datt hien dës Mesure kann duerchbréngen, ouni mussen iwwer de Kongress an de Senat ze goen. Virun allem de Senat muss sech deemnächst warscheinlech mam Impeachment géint den Trump beschäftege muss.