© ROLAND SCHLAGER / APA / AFP
Den éisträichesche Bundeskanzler Sebastian Kurz huet e Sonndeg matgedeelt dass de Lockdown verlängert gëtt.
Wéinst der Ausbreedung vun der brittescher Variant vum Coronavirus verlängert Éisträich de Lockdown an déi aktuell Restriktioune bis op d'mannst de 7. Februar. Dat huet de Bundeskanzler Sebastian Kurz e Sonndeg annoncéiert.
D’Schoulen, Restauranten a Muséeë bleiwen also nach zou. Vum 25. Januar un muss een op ëffentleche Plazen en Ofstand vun 2 Meter tëscht eenzele Persounen anhalen. Bis ewell war just ee Meter Ofstand virgeschriwwen. FFP2-Maske wäerten och de Geschäfter an am ëffentlechen Transport obligatoresch sinn. Vum 8. Februar un kéinte verschidde Secteure wéi den Eenzelhandel a Muséeën nees opmaachen. D’Ouverture vun de Restauranten an Hoteller gëtt da fréistens fir Ufank Mäerz virgesinn.
Zënter dem 26. Dezember ass an Éisträich en haarde Lockdown mat Ausgangsrestriktiounen an Homeschooling. E Samschdeg haten zu Wien eng 10.000 Leit géint déi Mesuren demonstréiert.