© Eldoradio
An Däitschland soll eventuell e Gesetz kommen, dat virgesäit, datt Restauranten hir Iessen ausser Haus ëmweltfrëndlech musse verpaken.
Déi däitsch Ëmweltministesch Svenja Schulze huet ugekënnegt, d'Reegele fir Plastiksemballagen ze verschäerfen, fir Offall ze vermeiden
Wie Kaffi oder Iessen ausser Haus verkeeft, soll deemno vu Januar 2023 u mussen eng ëmweltfrëndlech Alternative ubidden, déi méi wéi ee Mol ka benotzt ginn.
Betraff wieren dem Gesetzesentworf no all Restauranten, Caterer a Liwwerdéngschter, ausser Betriber, déi manner wéi 5 Mataarbechter hunn oder méi kléng wéi 89 Quadratmeter sinn.
Den Ament wieren d'"Einweg-Verpackungen" nach d'Reegel an der Gastronomie. Mat dësem Gesetz géifen d'Gastronomen dozou verflicht ginn, an Zukunft nieft "Mehrwegverpackungen" unzebidden, esou d'Ëmweltministesch.