E Samschden Owend hu sech zu Ettelbréck trotz de Restriktiounen eng Partie jonk Autofuerer versammelt a geféierlech Manöver ausprobéiert.

Wéi d'Police matdeelt, goufen e Samschdeg Owend eng Partie jonk Autofuerer protokolléiert. Si hätte sech zu Ettelbréck um Parking Deich versammelt, wieren do duerch de Schnéi gedrift an hätten aner geféierlech Manöver ausprobéiert.

Am ganze goufe 7 Chauffeure protokolléiert, dat wéinst Verstouss géint d'Verkéiersreegelen an d'Corona-Resiktritiounen.

Weider huet d'Police e Permis zréckgehal. Kuerz virun 23 Auer gouf e Samschden Owend eng Persoun an der Stad erwëscht, déi ze vill gedronk hat. 
Och zu Esch-Belval hat e Chauffeur ze vill gedronk. Hien huet säi Permis net missen ofginn, huet awer e Protokoll kritt, well hien d'Corona-Restriktiounen net respektéiert huet. Hie war um 3 Auer moies ënnerwee an huet sech domat net un d'Ausgansspär vun 23 Auer gehalen, déi den Ament gëllt.