© Yuri KADOBNOV / AFP
Nodeems hien am August vergëft gouf an duerno an Däitschland behandelt gouf kënnt den Alexej Navalny zeréck op Moskau.
Fir déi éischt Kéier no senger Vergëftung kënnt de Kreml Kritiker Alexej Nawalny zeréck a Russland. De Fliger ass e Sonndeg de Mëtteg zu Berlin fortgeflunn. E Sonndeg den Owend soll hien zu Moskau um Flughafe Wnukowo landen.
Déi russesch Police soll deemno schonn op hie waarde wéi op verschiddene Videoen op de soziale Medien ze gesinn ass. De 44-järegen Nawalny riskéiert direkt no senger Landung festgeholl ze ginn. Donieft gouf de Journaliste den Accès zum Fluchhafe verbueden.
Am August gouf versicht de Kreml Kritiker mat Hëllef vun engem Nervegëft ëmzebréngen. Hie gouf doropshin zu Berlin an Däitschland behandelt.