© CLAUDIO CRUZ / AFP
De Buergermeeschter vun Houthulst huet confirméiert dass 75 Persounen aus deem selwechten Altersheem mat der neier Corona-Variant infizéiert goufen.
Zu Houthulst an der Belsch goufe 75 Mënschen aus deem selwechten Altersheem mat der brittescher Coronavirus-Variant infizéiert. Dat huet de Buergermeeschter Joris Hindryckx e Sonndeg der Noriichtenagence AFP confirméiert. Domat wieren also zwee Drëttel vun de Bewunner infizéiert. Bis ewell wieren 3 Bewunner un de Suitte vum Virus gestuerwen.
An der ganzer Stad goufen am ganzen 128 Mënsche positiv op dës Mutatioun getest. Et ass nach onkloer wéi et zu dëser Ausbreedung koum.