© pixabay.com
Déi brittesch Regierung well eventuell Quarantän-Hoteller zur Verfügung stelle fir Leit déi a Groussbritannien reesen.
Persounen déi a Groussbritannien reese kéinten an Zukunft a Quarantän-Hoteller ënnerbruecht gi fir d’Ausbreedung vum Coronavirus ze verhënneren. Dat huet de britteschen Ausseminister Dominic Raab e Sonndeg der Tëleeschaîne Sky matgedeelt. Et géif een all d’Méiglechkeeten analyséieren. Dës Quarantän-Hoteller kéinten deemno ënner anerem e GPS benotze fir sécher ze goen dass d’Leit isoléiert bleiwen. Un de Grenze wäerten d’Kontrollen och verschäerft ginn.
A Groussbritannien goufe bis ewell 3,5 Millioune Persoune géint de Covid-19 geimpft. An deem Kader huet den Dominic Raab gesot dass hien hofft dass Ugangs Fréijoer d’Restriktiounen a Groussbritannien opgehuewe kënne ginn.