Zu Salisbury an England goufen d’Patienten an engem spezielle Kader geimpft.

Déi historesch Kathedral zu Salisbury an England gouf e Samschdeg an en Covid-19-Impfzenter verwandelt. Wärend d’Patiente geimpft goufen, gouf gläichzäiteg Uergel gespillt. Leit vun iwwer 80 Joer goufen encouragéiert an d’Kathedral ze goe fir hir éischt Impfdosis ze kréien.