© Gabriel BOUYS / POOL / AFP
D’Noriichtenagence AFP huet den Doud vum Museksproduzent e Sonndeg confirméiert.
De Phil Spector ass un de Suitte vun enger Corona-Infektioun mat 81 Joer ëm d’Liewe komm. De Museksproduzent war zënter 2009 am Prisong well hien d’Schauspillerin Lana Clarkson 2003 erschoss hat.
De Phil Spector hat mat legendäre Museker wéi The Beatles oder Tina Turner zesummegeschafft an huet ënner anerem „Imagine“ vum John Lennon produzéiert.