© AFP/VLADIMIR SIMICEK
D’Regierung wëll dass doduerch d’Schoulen nees opginn, an dass verschidde Beschränkungen nees opgehuewe ginn.
D’Slowakei verschäerft am Kampf géint d’Corona-Pandemie seng Ausgangsbeschränkungen. Vun e Méindeg un bis Enn Januar, ginn am ganze Land Massen-Tester gemaach. Dat op fräiwëlleger Basis. Duerno wäert de Wee op d’Aarbecht nëmmen nach mat engem negative Corona-Test erlaabt sinn. D’Verschäerfe vun den Ausgangsbeschränkungen fir Persounen ouni negativen Test soll bis de 7. Februar gëllen.