Ënner anerem fuerderen EU-Politiker vu Russland de Regierungskritiker nees fräi ze loossen.

D’Festnam vum Kreml-Kritiker Nawalny zu Moskau ass international op Kritik gestouss. Ënner anerem fuerderen EU-Politiker vu Russland de Regierungskritiker nees fräi ze loossen. 5 Méint nom Gëft-Uschlag op hien, war den Nawalny gëschter a seng Heemecht zeréckgeflunn a festgeholl ginn. Dem Nawalny war bewosst wat geschitt, trotzdeem huet hien decidéiert zeréckzegoen.