En Aarbechter vun der CFL gouf e Méindeg de Moien zu Diddeleng blesséiert. Dowéinst war d'Zuchstreck Beetebuerg-Thionville gespaart.

E Méindeg de Moie géint 7h30 koum et op der Zuchlinn Beetebuerg-Thionville op der Héicht vun Diddeleng zu engem Aarbechtsaccident. E Mataarbechter vun der CFL gouf blesséiert, esou d'Police. Et ass nach net kloer wéi et dozou komm ass. Eng Ermëttlung gouf ageleet an de Miess- an Erkennungsdéngscht sou wéi d'ITM sinn op d'Plaz komm. De blesséierten Aarbechter gouf an d'Spidol bruecht. D'Zuchstreck huet misse fir eng gewëssen Zäit gespaart ginn. Et goufen deemno Ersatzbusser agesat. Och de CR161 war bis ongeféier 9h50 fir de Verkéier gespaart.

CFL-Schreiwes vum Méindeg de Moien

Suite à un incident nécessitant l’intervention des services de secours à Bettembourg-frontière, la circulation ferroviaire sur la ligne 90 entre Bettembourg et Thionville est interrompue, ayant des répercussions sur la circulation entre Luxembourg et Thionville. Des bus de substitution sont mis en place.

Aucune donnée n’est disponible quant à la durée de la perturbation. Conscients des désagréments causés, les CFL invitent les voyageurs à consulter le site www.cfl.lu, ainsi que l’application CFL mobile pour de plus amples informations quant aux horaires et alternatives de circulation.