© Eldo
D'Police huet e Sonndeg am Nomëtteg e Mann kontrolléiert deen Drogen, Messeren, eng Matraque an e Pefferspray bei sech hat.
E Sonndeg géint 17h00 gouf en Automobilist vun der Police gestoppt wéi hien an der Rue Reiteschkopp zu Diddeleng ënnerwee war. Dësen hat nämlech getéinte Fënsteren op der Chauffer- a Bäifuerersäit, wat net erlaabt ass. Hien huet doropshin d'Folië mat engem verbuedene Messer ewechgeholl. Wéi d'Polizisten den Auto duerchsicht hunn hu si 13 Gramm Haschisch, 15 Gramm Marihuana, en Joint, véier verbuede Messeren, eng Matraque an e Pefferspray fonnt a saiséiert. De Drogeschnelltest vum Mann war positiv. Hien huet deemno missen an d'Spidol eng Bluttanalyse gemaach kréien. Eng Plainte gouf géint hien ausgestallt.