Wéi et vum STATEC heescht, goufen 2020 net méi Faillitte registréiert wéi am Joer 2019.

Am Joer 2020 hunn 1.206 Entreprisen zu Lëtzebuerg Faillite gemaach. Dat geet aus engem Communiqué vun der STATEC a vum Justizminister ervir. Et gouf deemno kee groussen Ënnerscheed am Verglach zum Joer 2019 festgestallt. 2019 haten 1.239 Betriber Faillite gemaach an am Joer 2018 waren et der 1.168.

Et gouf e Verloscht vun 2.032 Poste registréiert. 2019 waren et der 2.178 an 2018 waren et der 2.085. Déi meescht Leit, also 31%, déi d'lescht Joer hir Aarbecht verluer hunn, hunn am Bausecteur geschafft.