© Ronny Hartmann / POOL / AFP
D'Gesondheetsministesch huet an enger parlamentarescher Äntwert erkläert, dass een nach op den Avis vun der nationaler Ethik-Kommissioun waarde géif.
D'Verdeele vun den Impfdosissen an der 2. Phas vun der Impfstrategie steet nach net fest. Dat huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an enger parlamentarescher Äntwert erkläert. D'Regierung hätt deemno der nationaler Ethik-Kommissioun eng Propositioun agereecht. Et gëtt nach op den Avis vun der Kommissioun gewaart.
Donieft huet d'Paulette Lenert ënnerstrach, dass wann bewise géif ginn, datt déi nei Virus-Mutatiounen d'Iwwerdroung vum Coronavirus staark beaflossen, d'Impfstrategie adaptéiert géif ginn.