Wéi all Woch mécht d'Police de Bilan vun de Kontrollen, déi am Kader vun de Covid-19-Bestëmmunge gemaach ginn.

D'lescht Woch huet d'Police ronn 380 Kontrollen duerchgefouert am Kader vun de Coronavirus-Moossnamen. A 6 Fäll gouf e Protokoll respektiv e Rapport un déi zoustänneg Autoritéite weidergeleet. Dat well a verschidde Lokaler Alkohol ugebueden a consomméiert gouf. Donieft hate sech verschidde Leit net un déi sanitär Mesure gehalen.

An engem Liewensmëttelgeschäft zu Esch hunn den 14. Januar géint 18h00 eng Partie Leit Alkohol consomméiert a mat Spillautomate gespillt. 9 Persoune kruten eng Verwarnung mat Geldstrof an e Rapport gouf un déi zoustänneg Autoritéite weidergeleet.

Zousätzlech krute ronn 140 Persounen eng Verwarnung mat Geldstrof. A 80% vun de Fäll gouf d'Ausgangsspär net respektéiert.