E russescht Geriicht huet e Méindeg decidéiert, dass den Alexej Nawalny zu 30 Deeg Prisong verurteelt gëtt.

Dem Nawalny säin Affekot huet d’Urteel op Twitter confirméiert. Dem 44-Järege gëtt virgeworf géint d’Oploe vun engem fréieren Urteel verstouss ze hunn. An deem Kader huet hien seng Unhänger dozou opgeruff, protestéieren ze goen. E Sonndeg war de Nawalny zu Moskau gelant. No senger Vergëftung hat hie jo 5 Méint zu Berlin verbruecht.

No der Verurteelung vum russeschen Oppositiouns-Politiker fuerdert d’EU dass hien direkt nees fräi gelooss gëtt. An enger gemeinsamer Erklärung vun de Memberstaaten heescht et, d’Inhaftéierung géif weisen, dass a Russland de Raum fir Oppositioneller ëmmer méi kléng gëtt. Fir en Dënschdeg de Mëtten huet d‘EU-Parlament kuerzfristeg eng Debatt zu der Festnam vum Nawalny ugesat.