Et wier net de richtegen Zäitpunkt fir d'Arees-Spär opzehiewen. Den Trump wollt awer, dass dës vun Enn Januar un nees opgehuewe gëtt.

Den US-President Donald Trump hat ordonnéiert, dass d’Corona-Arees-Spär fir Mënschen aus dem Schengenraum, Groussbritannien, Irland a Brasilien nees opgehuewe gëtt. Dat vum 26. Januar un.

Widdersproch kënnt awer vum designéierte President Joe Biden, deen e Mëttwoch als neie President vereedegt gëtt. D’USA wäert wéinst der Pandemie a virun allem de méi ustiechende Corona-Varianten fir auslännesch Touriste fir d’éischt mol zou bleiwen, heescht et an enger Presseerkläerung aus dem Biden-Team. Et wier net de richtegen Zäitpunkt d’Aschränkungen opzehiewen. D’Biden-Regierung plangt amplaz méi streng Mesuren zu internationale Reesen.