Et ass déi éischt lëtzebuergesch Serie, déi op der weltwäit gréisster Streaming-Plattform wäert vertruede sinn.

D'Produktiounsfirma "Samsa Films" vun der erfollegräicher lëtzebuergescher Serie "Capitani" huet elo matgedeelt, dass d'Serie och elo op Netflix wäert ukommen. Dëst weltwäit an ab dem 11. Februar 2021.

Déi lëtzebuergesch Krimi-Serie gouf vum Thierry Faber geschriwwen, an de Christophe Wagner war de Regisseur. D'Serie gouf och komplett hei zu Lëtzebuerg gedréint. An der Haaptroll vum Luc Capitani war et de Luc Schiltz, an d'Sophie Mousel an der Roll vum Elsa Ley.

D'Dréiaarbechte fir déi zweet Staffel vun der Serie sollen elo am Mäerz dëst Joer ufänken. Bis elo ass zu der Handlung vun dëser gewosst, dass de Luc Capitani aus dem Prisong fräigelooss gëtt an Undercover op der Stater Gare ënnerwee ass.