D'Fra war nom Accident net uspriechbar an huet misse vum Noutdokter versuergt ginn.  

Géint 19h20 e Méindeg den Owend gouf eng Fra bei engem Verkéiersaccident zu Gréiwemaacher liewensgeféierlech blesséiert. Si war ënnert der Grenzbréck iwwert den Zebrasträife gaangen. Dobäi gouf si vun engem Auto ugestouss a liewensgeféierlech blesséiert.

D'Fra, déi nom Accident net uspriechbar war, gouf op der Plaz vum Noutdokter versuergt a gouf duerno an d'Spidol transportéiert. Op Uerder vum Parquet war de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police op der Plaz.

Wärend de Rettungs- a Biergungsaarbechte war d'Plaz vum Accident fir de Verkéier gespaart.