Vun e Sonndeg un, ginn et a Frankräich méi streng Arees-Reegelen.

Frankräich verlaangt vu Reesenden aus aneren EU-Staaten vun e Sonndeg un, d'Virweise vun engem negative Corona-PCR-Test. Dës Aart vun Test muss bannent 72 Stonne virum Ofreese gemaach ginn, heescht et aus dem Elysée.

D'Flicht vun engem PCR-Test gëllt fir all d'Reesen a Frankräich déi "net essentiell" sinn. Ausname gëllen ënner anerem fir Beruffspendler, déi a Frankräich schaffen, mee net do wunnen.

Reesender aus EU-Staaten hu scho méi laang misse fir d'Arees a Frankräich een negative Coronatest virweisen. Et huet sech dobäi awer net zwéngend ëm ee PCR-Test gehandelt. Bei dësen Tester gëtt een Ofstréch am Labo analyséiert.

PCR-Tester solle méi zouverlässeg wéi déi sou genannten Antigen-Tester sinn, déi keng Laboanalysen erfuerderen an deenen hir Resultater well no 10 bis 30 Minutte virleien.

Fir Reesender aus Net-EU-Staate verlaangt Frankräich well zënter dem leschte Weekend een negative PCR-Test.