Am Kampf géint d'Corona-Pandemie wëllen d'EU-Staaten d'Reese weider aschränken.

Am Kampf géint d’Corona-Pandemie wëllen d’EU-Staaten net essentiell Reese weider aschränken. D'EU-Kommissioun wëll bis e Méindeg eng Propose ausschaffen, wéi dat genee soll ausgesinn.

Zur Debatt stinn nei Test- a Quarantän-Flichten fir Mënschen aus besonnesch betraffene Regiounen.

Grondsätzlech sollen d’Grenzen an der EU awer op bleiwe fir Grenzgänger an och fir de Wueren-Transport, heescht et vun den EU-Staats- a Regierungscheffen en Donneschdeg no hirer gemeinsamer Video-Konferenz.

Och gouf iwwert een Impfpass geschwat. Dee soll awer net fir d'Reese genotzt ginn, mee als Dokument am Fall vu medezinesche Problemer. Geimpfte Leit sollen iwwerdeems keng Virdeeler hunn, géintiwwer deenen déi net geimpft sinn.