De Moment sinn d'Zuele gutt. Grouss Suerg mécht der Regierung di brittesch Mutatioun. Fir di nächst Woche gi méi héich Infektiounszuele gefaart.

Di aktuell Corona-Strategie mécht sech bezuelt

Mir hunn de Moment an der Moyenne 135 Neiinfektiounen den Dag. Des positiv Evolutioun féiert de Premier op di aktuell méi streng Corona-Mesuren zréck. Eng Baisse vu Corona-Patienten gëtt och an de Spideeler notéiert - mat aktuell 64 Patienten an  normaler Behandlung an 14 Patienten op der Intensivstatioun.

Den Effekt vun de Feierdeeg huet sech a Grenze gehalen

An anere Länner haten d‘Familljefeieren wärend de Feierdeeg Konsequenzen. Zu Lëtzebuerg waren d’Reegelen och wärend de Feierdeeg strikt, wat sech elo bezuelt mécht.

Incertituden duerch nei Mutatiounen

Et zirkuléieren eng Partie héich ustiechend Mutatiounen, dorënner di brittesch, südafrikanesch a brasilianesch. De Moment hu mer just di brittesch Variant am Grand-Duché. A Groussbrittannien huet des Variant ganz séier eng Hausse vun den Infektioune mat sech bruecht. Dat suergt fir grouss Incertituden hei zu Lëtzebuerg. Bis ewell goufen 12 Fäll vun der brittescher Mutatioun am Grand-Duché nogewisen. 

Preventiv Haltung ass wichteg

Et wier net Zäit fir Oplockerungen anzeféieren, sot de Premier. Dowéinst proposéiert de Regierungsrot, di aktuell Restriktioune bis den 21. Februar ze verlängeren. Falls eng Variant vum Virus sech séier géing am Grand-Duché verbreeden, misst een allerdéngs nach méi streng Restriktiounen decidéieren.

Wéinst de Mutatiounen ass och de Sequençage ganz wichteg, an dee läit hei am Land mat 10% ganz héich. Deen héije Sequençage dierft awer net dozou féieren, dass mer vun anere Länner bestrooft ginn.

Nei Mesure bei der Arees

An Zukunft gëtt en negativen Test gefrot, wann een aus dem Ausland op Lëtzebuerg kënnt. Detailer iwwert den Delai, an d‘Zort vum Test dee gefrot gëtt, ginn dëse Méindeg an engem weidere Regierungsrot gekläert – no Ofsprooch mat den Nopeschlänner.

Oppe Grenzen erhalen

Wichteg fir eist Land ass, dass d’Grenzen opbleiwen. 60% vun de Leit déi hei schaffen, kommen aus enger Grenzregioun an och de Wuerentransport muss erhale bleiwen. Dat gouf och en Donneschdeg um EU-Conseil kloer gemaach.

Fir een Impfpass anzeféieren ass et nach ze fréi

Et ginn nach ze vill Incertituden. Et ass zb net gewosst, op eng geimpft Persounen de Virus net awer ka weider ginn. Ausserdeem sinn de Moment esou wéineg Mënsche geimpft, dass een Impfpass kee Sënn mécht. De Premier wëllt iwwerdeems och keng Zwee-Klassegesellschaft.

Weider Detailer zur Impfstrategie

Bis ewell goufen zu Lëtzebuerg 19.500 Dose vun der Firma Pfizer/Biontech geliwwert an 1200 vu Moderna. Insgesamt kënnen domat 10.350 Leit geimpft ginn. Wichteg wier, de Leit hir 2. Dosis ze reservéieren- an net fir aner Patienten opzebrauchen.

Bis Enn Mäerz dierften 43.200 Leit geimpft sinn. Allerdéngs misst een och ëmmer mat Retarde vun de Liwwerunge rechnen a sech entspriechend adaptéieren.

Bis elo goufe Leit an de Spideeler, Alters- a Fleegeheemer a Personal vum Centre de vaccination geimpft. Den Taux d'adhésion léich momentan bei 40,9 Prozent. Dat wier awer just een Tëschebilan.

3. Imfpstoff gëtt Enn Januar autoriséiert

Mat AstraZeneca gëtt Enn des Mounts een 3. Impfstoff hei am Land autoriséiert. Éischt Vaccin’e vun AstraZeneca kéinte schonn d’nächst Woch op Lëtzebuerg geliwwert ginn, sou dass een direkt no der Autorisatioun duerch d‘EMA kéint ufänken, domat ze impfen.

Hei kënnt dir déi komplett Pressekonferenz nach eng Kéier kucken: