Bei deene verschiddene Festname goufen insgesamt 265 Gramm Kokain confisquéiert.

D'leschte Mëttwoch gouf op der Stater an der Escher Gare jeeweils eng Persoun festgeholl. Allebéid goufen, nodeems si engem Client Kokain verkaf haten, op frëscher Dot gestallt a festgeholl. Am Kader vun dësen zwou Festname goufen am Ganze 40 Gramm Kokain souwéi Boergeld an Handye confisquéiert.

Den Donneschdeg de 14. Januar gouf dann eng Persoun am Raum Miersch verhaft. Am Kader vun Ermëttlungen hat sech de Verdacht erginn, dass dës géif mat Drogen handelen. D'Beamte konnte si op frëscher Dot stellen. am Kader vun enger Perquisitioun konnten d'Beamten insgesamt 125 Gramm Kokain an eng grouss Zomm Sue sécherstellen.

An der Nuecht vum 15. op de 16. hu Beamten vum Kommissariat Lëtzebuerg-Gare 2 presuméiert Droge-Coursieren aus Holland an e presuméierten Dealer aus der Stad zu Bouneweg festhuelen. Am Kader vun hiren Ermëttlunge waren d'Beamte vun der Police Judiciaire ënnerstëtzt ginn. Wéi d'Beamten op der Adress, op där d'Iwwergab vun den Droge stattfanne sollt, zouschloe wollten, huet ee vun de Coursieren probéiert ze flüchten. Hien huet sech am Keller vum Gebai verstoppt, konnt awer vun de Beamte fonnt ginn. Bei der uschléissender Perquisitioun goufen 100 Gramm Kokain an eng grouss Zomm Boergeld séchergestallt. Ausserdeem gouf den Auto vun den Droge-Coursieren op Uerder vum Parquet confisquéiert.

An allen 3 Fäll, goufen déi Verdächteg op Uerder vum Parquet festgeholl a koume virun en Untersuchungsriichter.